Esch, Mee 1968. E puer Studenten erliewen déi éischt Theatervirstellung an den éischte Rockconcert am Jongelycée. D'Elteren, déi houfreg op hir éischt Televisioun sinn, kucken d'Eurovision de la Chanson an Einer wird gewinnen. An zu Paräis ginn Autoen a Brand gestach.
De neie Roman vum Jhemp Hoscheit, gewëssermoossen eng Suite vu sengem Bestseller-Roman "Perl oder Pica", deen 2006 an de Kinoe leeft, erzielt iwwer e Grapp voll Jugendlecher zu Esch, iwwer hir Frëndschaften a Rivalitéiten: kleng, mä wichteg Geschichten an engem entscheedende Moment vun der grousser Geschicht. Aus dëse Geschichten entsteet eng spannend an engagéiert Chronik iwwert de Lëtzebuerger Mee 68 a gläichzäiteg e passionnéierten Hommage un d'Beatles an hir wichtegst Zäit.