"Lo geet et awer wierklech duer. Wou ass äre freche Bouf? Lo kritt e vu mir eng gewéitscht, datt en net méi weess, ob en e Jong oder e Meedchen ass."
Mat deene Wierder ass déi opbruechte Madame Schintgen zur Nopeschdier eragetrollt. An där enger Hand hat se e Jippelchen an an där anerer en Ziedel. Si war richteg opgedréint, a wéi d'Nopesch er entgéint koum, hat déi hir léif Méi, fir déi duerchgedréinte Fra eenegermoossen ze bremsen.
"Wat huet en dann elo schonns erëm gestiicht?", wollt se wëssen. "Gestiicht! E Mäerder ass en! Hei kuckt emol!"